WANTED: Nei Gediechtnistrainer/innen

 

Du hues eng pedagogesch Oder!                                                               

Du schaffs gär mat Leit!

Du wëlls eng flott Erausfuerderung!

Du schwätzt  Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch!

Du hues Zäit fir eng Formatioun ze maachen!!!

Da bass Du richteg bei eis, well mir siche Kandidaten (m/w),
déi bereed sinn eng Formatioun matzemaachen zum Gediechtnistrainer
an duerno bei eis am Verein hëllefen Gediechtnistrainingen ze halen.
D’Formatioun dauert dräimol 5 Deeg,  ass um Belair an zwar vum
  • 23.-27. Januar 2020
  • 27. Februar- 02. Mäerz 2020
  • 20.-24. Abrëll 2020
  • all Kéier vun 09.00-17.00 Auer mat enger Mëttespaus.
Du bass interesséiert, da mëllt Dech bei eis iwwer den Umeldungsformular
(fir de Formular hei clicken) .
Mir melden eis dann zréck mat weider Détailer. De 04.10. ass eng Versammlung fir all Kandidaten.