Wanted - Mir sichen
Mir sichen nei Kandidaten als Gediechtnistrainer/in
Huet Dir Zeit an Dir sicht eng nei Rausfuerderung?
Wëllt Dir Iech an eisem Verein engagéieren an aktiv matschaffen?
Sitt Dir interesséiert eng Formatioun fir Gediechtnistrainer matzemaachen an duerno fir de Verein Gediechtnistrainings-Coursën ze halen?
Wann Dir 3mol mat JO geäntwert huet, da meld Iech bei eis andeem Dir hei op Umeldung klickt an eis äer Kandidatur raschéckt.
D’Formatioun ass 3 mol 5 Deeg am Centre „A Bosselesch“ zu Monnerech
Grondcours: 16.-20. Oktober 2023
Opbaucours 1 : 04.-08. Dezember 2023
Opbaucours 2 : 04.-08. Mäerz 2024